1/75
an: wann benotzt een et?
Gebai (Kino / Restaurant / Supermarché / Bäckerei / Schoul / Kierch / Klinick) + Plaz déi limitéiert ass (Park / Bësch)
op: wann benotzt een et?
Administratioun (Bank / Post / Gemeng / Ministère) · Plaz dobaussen wou ee sech deplacéiert (Gare / Maart / Spillplaz / Flughafen) · Evenement (Concert / Party) · Aarbecht (Büro)
bei: wann benotzt een et?
Persoun (Dokter / Coiffer / Bäcker / Metzler / Kiné / Noper)
an + dem =
am
op + dem =
um
bei + dem =
beim
Wuer? feminin Artikel
d' (op d'Post)
Wou? feminin Artikel
der (op der Post)
Wuer? maskulin Artikel
de(n) (an de Kino / an den Theater)
Wou? maskulin Artikel
dem → am / um / beim
Wou? Pluriel Artikel
den (an den USA / an de Schoulen)
Ech ginn … (de Maart)
op de Maart
Ech sinn … (de Maart)
um Maart
Ech ginn … (de Restaurant)
an de Restaurant
Ech sinn … (de Restaurant)
am Restaurant
Ech ginn … (den Dokter)
bei den Dokter
Ech sinn … (den Dokter)
beim Dokter
Ech ginn … (d'Bank)
op d'Bank
Ech sinn … (d'Bank)
op der Bank
Ech ginn … (d'Post)
op d'Post
Ech sinn … (d'Post)
op der Post
Ech ginn … (d'Metzlesch)
bei d'Metzlesch
Ech sinn … (d'Metzlesch)
bei der Metzlesch
Ech ginn … (den Theater)
an den Theater
Ech sinn … (den Theater)
am Theater
Ech ginn … (de Coiffer)
bei de Coiffer
Ech sinn … (de Coiffer)
beim Coiffer
Ech ginn … (de Buttek)
an de Buttek
Ech sinn … (de Buttek)
am Buttek
Ech ginn … (de Supermarché)
an de Supermarché
Ech sinn … (de Supermarché)
am Supermarché
Ech ginn … (d'Kiné)
bei d'Kiné
Ech sinn … (d'Kiné)
bei der Kiné
Ech ginn … (d'Bäckerei)
an d'Bäckerei
Ech sinn … (d'Bäckerei)
an der Bäckerei
Ech ginn … (d'Doktesch)
bei d'Doktesch
Ech sinn … (d'Doktesch)
bei der Doktesch
Ech ginn … (d'Schoul)
an d'Schoul
Ech sinn … (d'Schoul)
an der Schoul
Ech ginn … (d'Gare)
op d'Gare
Ech sinn … (d'Gare)
op der Gare
Ech ginn … (de Bäcker)
bei de Bäcker
Ech sinn … (de Bäcker)
beim Bäcker
Ech ginn … (d'Klinick)
an d'Klinick
Ech sinn … (d'Klinick)
an der Klinick
Ech ginn … (de Kino)
an de Kino
Ech sinn … (de Kino)
am Kino
Ech ginn … (de Fitness)
an de Fitness
Ech sinn … (de Fitness)
am Fitness
Ech ginn … (d'Gemeng)
op d'Gemeng
Ech sinn … (d'Gemeng)
op der Gemeng
Ech ginn … (d'Spillplaz)
op d'Spillplaz
Ech sinn … (d'Spillplaz)
op der Spillplaz
Ech ginn … (de Flughafen)
op de Flughafen
Ech sinn … (de Flughafen)
um Flughafen
Ech ginn … (d'Spidol)
an d'Spidol
Ech sinn … (d'Spidol)
am Spidol
Ech ginn … (d'Universitéit)
op d'Universitéit
Ech sinn … (d'Universitéit)
op der Universitéit
Ech ginn … (de Ministère)
op de Ministère
Ech sinn … (de Ministère)
um Ministère
Ech ginn … (den Zoo)
an den Zoo
Ech sinn … (den Zoo)
am Zoo
Stad · Wou? (Esch)
zu Esch
Stad · Wuer? (Paräis)
op Paräis
Stad · Hierkonft (Peking)
aus Peking
Land ouni Artikel · Wou/Wuer (Däitschland)
an Däitschland
Land ouni Artikel (Spuenien)
a Spuenien (n-Regel)
Land mat Artikel · Wuer? (d'Schwäiz)
an d'Schwäiz
Land mat Artikel · Wou? (d'Schwäiz)
an der Schwäiz
d'USA · Wuer? / Wou?
an d'USA / an den USA
D'Carmen flitt an enger Woch ___ Nice.
op (Stad als Zil)
D'Claire wunnt schonn 10 Joer ___ Beetebuerg.
zu
Den Arif kënnt ___ Syrien.
aus
n-Regel (Eifeler Regel)
-n bleift virun Vokal an d / t / z / n / h · soss fält en: an Italien · a Spuenien · den Dokter · de Kino
e Gebai
a building (un bâtiment)